Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Kautebaach - Ierpeldéng
Description:
Fir d'éischt gin mir zu Fouss vun Ierpeldéng bis ob d'Ettelbrécker Gare. Desen Wee as ganz einfach, well ët nëmmen iwwer d'Strossen geet. Zu Ettelbréck unkomm klammen mer an den Zuch fir ob Kautebaach. Gudd 10 Minutten dauert d'Fahrt mam Zuch. Oppassen, ët brauch een 2 Billjéen wann een keng Jumbo huet!!
Vun Kautebaach aus gin mir direkt mol knapp 150 Meter Bierg op, den Ufank huet ët nawell a sech, dono geet ët nëmmen liicht erop. Déi éischt "Attraktioun" gesin mir kuerz virum Kräizen vun er "Laangerbaach" wou mir laanscht d'Haus vun engem Mann kommen den nawell vill intressant a lusch Saachen ze erzielen huet. Onbedéngt liesen wat den fir Saachen do ausgehaang huet!!!
Eng schéin Aussiicht kréien mir dono ob der "Hockslay", vun wou aus mir eng lescht kréien Kautebaach gesin!!
No puer flaachen Kilometer geet et relax Bierg of bis ob 298 Meter an vun do aus gin mir och direkt nees Bierg op bis bal erop op d'Feld vun Eech. (knapp 430 Meter) Ët as méi wéi derwert vir do eng Paus anzeléen, well den Bierg op schlaucht d'Kanner nawell anstänneg an uewen um feld huet een alt nees eng immens flott Aussiicht.
Vun do aus gin mir lo radikal den Bierg nees erof iwwer d'Hoflay bis ob 247 Meter, en Wee den staark Bierg of geet, schmuel as an sech flott schlängelt. Hei heescht ët kanner bremsen, hier Begeeschterung as awer super!
Ënnen unkomm sin ët just nach en puer Meter bis bei ons éischt Hikeplaatz ënnen bei der Wiltz. Eng super grouss Wiss mat engem klengen Schapp an Accès zur Wiltz. Dest as privaten Terrain an gehéiert dem Bauer vum Féischterhaff, onbedéngt du ufroen!!! Fir d'Telefonsnummer mellt iech einfach bei mir.
Ausgerout setzen mir eisen Wee weider fort an Richtung Gievelsmillen, wou mir ob der Gare och eisen Bidon obfëllen kënnen (klengen Ëmwee).
Ob der aner Seit vun der Sauer setzen mir eisen Wee fort, ët geet elo mol 80 Meter lues Bierg op bis ob den Féischterhaff. (hei kann mol en Auto kommen) Do hun mer dann och gudd Gelénheet fir dem Bauer Merci ze soën dir d'Nuecht...
Vun do aus kommen mer ob en klengen Weechen, den sech den ganzen Zeit schlängelt, erop an erof geet an d'Kanner extrem begeeschteren kann. Och hei heescht ët en bëssen oppassen an nët erféieren wann de Wee kuerz nom Féischterhaff en gudd Stéck Bierg of geet, dat as normal. Eist nächst kulturellt Ziel erreechen mir beim Bourschenter Schlass ob +/- 400 Meter Héicht.
Leider kascht d'Entrée, mee den Haff kann een awer gratis besichen.
Lo geet ët kuerz iwwer d'Stross, an dann gin mer nees riets an den Bësch eran bal bis ganz erof ob d'Bramillen. Do as den Wee holpreg gezeechent, ët muss een e bëssen oppassen.
Lo kënnt dat haartst Stéck vum ganzen Wee, well mir gin vun der Bramillen bis bei den Biirdener Waasserreservoir erop, dat heescht vun 224 Meter bis ob 458 Meter. Den Wee as awer zimlech angenehm, schied as garanteiert duerch den Bësch an d'Pente as agreabel. Trotzdem heescht et Kanner motivéieren an KENG Paus man bis mer uewn unkomm sin! An Beschten geet ee Moniteur fir fir Tempo ze man, dann geet dat an d'Kanner sin herno stolz wéi Oskar.
Uewen unkomm riichten mir bëssen nierft dem Reservoir eist Lager fir d'Nuecht an. Mir iwwernuechten einfach am Bësch direkt nierft dem Feld, sou dass mir och hei en Feier kënnen man. Och deseen Terrain as privat an ët muss een ufroën fir do kënnen ze iwwernuechten. No der Nuecht geet et weider oc Biirden aus kënnen mer entweder d'Landstross geet awer vill méi séier, zumols wann een fir d'Mëttesgiessen nees zu Ierpeldeng muss sin... Den Wee as an 1 bis anerhallef Stonn locker ze packen, muss een awer nees en bëssen Kanner dämpen an Tempo man, soss gët ët naicht.
 
Längt vun den Etappen:
1.Dag: 10km
2 Dag: 10km
3 Dag: 6km 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Hike
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 48 Stonnen
Distance parcourue: 25km
Nombre d'enfants: 5 min
Age requis de l'enfant: 10 min
Liste du matériel: Täschemesse as Standard, Baach fir Schlofplaatz brauch een déi 2 Deeg, well den Schapp alleng zimlech kleng as. Réimer an Kompass as keen Must, den Wee as ganz liicht mat der Kaart alleng ze fannen.
Référence / Source: Auteur: Lex Braun
Date de mise en ligne: 2007-03-21 07:43:38
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1087



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats