Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Kärzegéissen
Description:
Fir unzefänken ass et unzeroden fir op d'Aarbeschtsfläch Zeitungpabeier äuszebreeden, well de Wues geet net méi esou gutt fort wann en sech bis eng kéier décidéiert huet festzesetzen. A bleche Bechsen am Bain Marie oder och direkt an engem Basteldeppen get Wues geschmolt. Da kann een e Steck Wuesfaarw dabäimachen fir der ganzer Sach nach méi eng flott Fuerw ze ginn. Als Formen eegnen sech idealerweis jughurtdeppecher oder eidel Glieser. A béide Fäll muss een den Docht un e Blaïsteft oder eppes ähnlechem ubannen an dann an d'Glas oder Deppecher hänke loossen. Elo kann een de flessege Wues draschedden. Wann ee verschidderfuerweg Kärze mache well muss ee vierdéischt waarde bis déi eng Schicht einegermoossen haart ass iert een eng aaner driwwerschett. Äusserdeem zitt de Wues sech zesummen wann en haart get, also kann et mol sinn d'Kärz "afällt". Waat awer och ganz witzeg äusgesäit ass wann een de Wues an en Eemer mat kaalem Waasser schett, schnell en Docht hellt an de Wues ronderemdreckt.
Wann een Äiswürfelen zur Verfügung huet kann een där och heiansdo zweschen déi eenzel Couchen Wues am Deppche puchen, datt get nawell och e witzegen Effekt. 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Atelier
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 120 Minutten
Nombre d'enfants: 1-12
Age requis de l'enfant: 10-99
Liste du matériel: -Wues (entweder a Form vun aale Kärzen oder Granulet) -wuesfaarwen -Docht -Bläistefter oder kleng Bängelen -Schéieren -Bleche Bechsen oder e Basteldeppen -Bengel fir am Wues ze réieren -Eemer mat kaalem Waasser -Zeitungspabeier -Kachplack -Jughurtsdeppecher -eidel Glieser
Temps de préparation: 10 Minutten
Référence / Source: Auteur: David raison
Date de mise en ligne: 2007-03-20 15:54:06
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1062



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats