Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Lidderhanes-hike
Description:
De Lidderhanes-hike.
Dest as een hike fier Leit di bessi méi liddreg sin, d.h. di net net vill wellen treppelen, mee et as awer wichteg dass de Grupp sech gudd versteht, soss as desen Hike net unzeroden! Desen Hike léisst sech och ganz gudd bei héigen Temperaturen maachen.
 
Als éischt gi mir vun Ierpeldeng aus op d'ettelbrecker Gare, hei huele mir den Zuch fir op Miersch. Zu Miersch kann ee lo an de Park iesse goen, eventuell nach een Tauschspill maachen oder Shoppen an een drenke goen.
Lo huele mir op der Gare de Bus 431 bis op den Hunnenbuer. (dese Wee kann een awer och duerch de Bësch treppelen) Vun der Bushaltestell aus musse mir nach 200m goen. (de Wee as gezeechent)
Den Hunnebuer as eng ganz schéin Hikeplaz wou ee klenge Weier mat enger Quell as (Drnekwaasseer!!!) Et huet een och zwee Descher, an ee klengt Heischen wou een d'Rucksäck ennerstelle kann.
 
Deen aneren dag maache mir eis op de Wee fier zreck op Miersch, de Wee as deen, dee bal parallel zu der Stross bessen de Bierg op geht. Desem Wee gi mier wmmer no. No 30 Minutten ongeféier komme mir laascht ee wonnerschéint Monument, kuerz drop as op eiser rietser Säit de Mierscher Camping wou ee fier 1€ ka schwamme goen (Schwammkap obligatoresch, eng nei kascht 1,5€). dest as eng oppen an zoue Piscine wou een och dierf Pic-Nicen. Nom schwamme gi mier rem op d'Mierscher Gare wou mier rem zreck op d'Ettelbrecker Gare fueren, hei ukomm huele mir de Bus 555 bis op de Friddhaf (Buschaufer bescheed soen). Ob der anerer Stroossesäit vum Busarret geht ee Wee an de Bësch eran, desen huelen mir (emmer dem Wee nogoen). Entweder iwernuechte mir lo Friddbesch, oder mir gin bei xxx hier Hütt (as op der lenkser Säit vun wee). Hei get et ee Grill an en Iwerdag. (Kontakt dierf ech leider net mei ugin)
Deen aneren Dag gi mier de Wee weider (kaart kucken), an dono iwwert den Trottoir vun der Haaptstross bis mer zu Ierpeldeng beim Schlass ukommen. 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Hike
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 48 Stonnen
Distance parcourue: 7kn
Nombre d'enfants: 5 min
Age requis de l'enfant: 10 min
Liste du matériel: Kaart + Jumbo Kaart oder Busticketen
Référence / Source: Auteur: Yann Wagener
Date de mise en ligne: 2007-03-20 15:35:39
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1301



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats