Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Fotoroman
Description:
De Fotoroman ass amfong e ganz simplen Projet.
 
moies schafft ee mat de Kanner eng Geschicht äus déi ee Mettes well fotograféieren. Dofier bräuch ee schon normalerweis dee ganze Moien, well et kommen vill gudd (ann awer och manner gudd) Ideen op, an déi mussen da mol gesennert ginn.
 
mettes krallt een sech dann d'Digi-cam an hällt daat a Biller fest waat Moies décidéiert gouf. Op een d'Kanner d'Fotoe mach léist, oder op ee selwer Kamermann spillt ass engem selwer iwwerloos. Mee op jiddfer Fall sollt een de Kanner awer emmer déi puer grondlegend Regelen vum Fotograféieren erklären, wéi "net géingt d'Sonn fotograféieren", ...
 
Idealerweis huet een dono nach Zäit fir sech zesummen déi gemeete Fotoen eng Kéier unzekucken, ze senneren, an och den Text fir dobäi ze erfannen.
Weider geet de Projet dann an der Nuecht, wou d'Animateuren de Fotoroman schlussendlech fabrizéieren.
Do get et dann e puer Méiglechkeeten:
  • Um Pabéier:
Wann een e béischt vun engem drecker zur Verfügung huet, dann ass eng Methode déi ee ka machen natierlech déi, de Fotoroman eräuszedrecken an de Kanner direkt äuszedeelen.
  • Op CD:
Waat awer vill méi flott ass, daat ass fir déi ganz Sach an deem Format ze loossen wéi se schon ass, am digitalen, eeben.
Op enger CD kann ee locker daat och nach an 2 Formater ennerbrengen, eemol am färdegen "Fotoroman"-Format, an eemol als "naturbelossen" Dia-Show. Mam text kann een do dann och nach e puer verschidde Sache machen: 
  1. Et schreiwt een en dobäi
  2. et hellt een en op!
Natirlech kann een daat och nach iergendwéi kombinéieren wéi ee graad Loscht dozou huet. 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Projet
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 300 Minutten
Nombre d'enfants: 4-24
Age requis de l'enfant: 6-99
Liste du matériel: -Digitale Fotoapparat -Computer
Référence / Source: Auteur: David Raison
Date de mise en ligne: 2007-03-20 14:47:35
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1232



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats