Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Graskäpp
Description:
Fir all déi déi et nach net sollten wëssen, en Graskapp as en Ma¨nnchen, besser gesot en Kapp, den Hoer huet déi aus Gras sin..
Aus éischt muss een Grassoom ënnen dran man, 1 Grapp geet duer. Dann kënnt den Seemiel-Zuutz, vun dem ech nie den Korrekten Numm wärt verhalen, an d'Nylonsstrëmp dran man. Ët soll am Fong den Kanner aleng iwwerlooss sin wéi déck se hieren Männchen wëllen man.
Dann huet een am Beschten den Knuet selwer dran ze man, well wann d'Kanner ët man as et herno meeschtens net fest genuch. Fir d'Eischt presst een dat ganzt nach eng Kéier mat der Fauscht vun bannen, dass et gudd Kompakt get an dann mecht een en banalen Knuet hannen drop. Dat wat nach vun der Strëmp iwwerecht as, gewéinlech zimlech vill, léisst een einfach drun, dann kann den Graskapp herno besser Waaser suckelen!
Voilà, lo kënnt dann d'Nues un d'Rei. Dofir greift een einfach mat der Hand no engem gudden Steck vum Graskapp an zitt dat liicht eraus bis een eng Knupp an der Hand huet déi grouss genuch as an dann bënnt een dat ganzt einfach mat Baureficell of. (sou, dass d'Nues herno hum selwen baussen bleiwt) Desen Schrëtt kënnen normalerweis och nët all Kanner selwer, ët hängt vum Alter of, den knuet mecht een am Beschten selwer, d'Nues geformt kréien sie bal ëmmer.
Sou, lo kënnt dan méi kreativen Deel: d'Kanner darfen sech lo ameséieren fir Aan, en Mond an frei Hand loossen, do kommen déi coolst Männercher dobei raus! Dat eenzegt wourop een muss oppassen as, dass se net uewen alles zoupechen wou d'Gras soll wuessen. Sou, dat as et schon. Fir en herno ze netzen, kann een den Rotschlag gin den Männercher nëmmen vun ënnen ze netzen, dat heescht Waaser an eng Schësselchen (Blummendëppen) man an kucken, dass zumindest d'Enn vun der Stremp dran kënnt, da suckelt de Graskapp sech d'waasser lues an lues erop an no enger Woch spriessen d'Hoer an d'Hobbycoiffren vun Paräis si gefrot fir se ze stylen. 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Atelier
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 75 Minutten
Nombre d'enfants: 1-12
Age requis de l'enfant: 6-12
Liste du matériel: Pro kand brauchs du: -1 Nylonsstrëmp (oder halwen collant)$- 1 Grapp Grassoom -Hamsterstreu -ee klengt Steck Baureficell -sachen fir opzepechen: Wackelaan, Stoffreschter, Watt, Woll, asw - Benzinstëft fir drop ze molen -Drot fir en Brëll ze Bastelen -Alleskleber -eventuell fir all kand en klengt Blummendëppen fir en herno dran ze setzen, Duerchmiesser 5-10cm
Référence / Source: Auteur: Lex Braun
Date de mise en ligne: 2007-03-20 08:49:44
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1158



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats