Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Draach
Description:
Aus enger Plastikstuut bastelen mir en Draach den och herno richteg flitt!
Fir unzefänken mussen mir d'Plastikstuut schneiden. Well et ganz schwéier as d'Schneiden schreftlech ze erklären, hun ech just eng Zeechnung gemaach wous du d'Form geseis an déi wichtegst Moossen agedro sin. Trotzdem e puer Rotschléi:
Wichteg as ët, dass alles méiglechst symmetresch as, soss flitt den Draach herno nët anstänneg. Ganz einfach kriss du des Symmetrie hin wanns du d'Tuut an der haltschent gefaallt léiss. Lo brauchs du just ob enger Seit ze schneiden, wann d'Tuut herno obgefaallt as hues du dann 2 mol dat selwecht.
Virum Atelier hëlls du am Beschten eng Kéier eng Tuut an iwwerlées der weis du et am einfachsten kanns man fir d'Tuut ze schneiden, fir dass d'Kanner herno séier domat eens gin. E Lineal brauchs du kaum, mat faallen kënns du am Beschten weider. Den groussen Karo an der Mëtt vum Draach huet schon d'haltschent vun der Breet, d.h. wanns du d'Tuut eng Kéier a 4 faalls, hues du, wann se nees an 2 gefaallt as, eng Linn an der Mëtt, d.h. a Wierklechkeet as dat d'haltschent vun der haltschent... Vun der Linn aus muss du en Dreieck schneiden mat enger liicht ofgeflaachter Spëtzt. Eng Seit vum Dreieck as e gudd Stéck mei laang wei dei aner. Och fir des Seiten anzezeechnen mat faallen virgoen, dat as sau einfach fir d'Kanner! Mee wei gesot, am viraus sech selwer ameseiren...
Sou, d'Kreesser. Huel eng Cd fir d'Gréisst, eng dovun lees du nëmmen hallef drop fir dat ennescht Lach (d'Nues), fir d'Aan muss du en ganz drop léen. Mat engem normalen Bic obzeechnen an dann ausschneiden.
Sou, wanns du d'Tuut lo wëlls obfaallen an dat geet net, dann hues du den Bord wou d'Tuut zougepecht as nach net ofgeschnidden... Virsiichteg ausschneiden.

Sou, wann d'Schneiden färdeg as kommen mir un d'Staangen. Sie gin just nierft dem Ufank vun den Dreiecker mat Tesa opgepecht. 5-10cm Tesa sollen et schon sin, dann solls du nach eng Kéier 5cm iwwerstoen loossen déis du dono emdiebels an ob der aner Seit festpechs, fir dass d'Staang nët rausrutschen kann. Et as nët schlëmm wann d'Staang e bëssen iwwersteet well se ze laang as, mee dann soll et bei denen 2 Staangen ähnlech vill sin.
D'Tuut soll och e bessen gespaant gin duerch d'Staangen, as awer net sou extrem wichteg. Bei mei klengen Kanner pecht den Moniteur d'Staangen vleit besser fest, soss as herno alles kromm.
Sou lo kommen d'Zahnstocher an d'Spill. Mir hun jo am Fong ob denen 2 Seiten all Kéiers een Dreieck. Ob den Spetzten vun denen 2 Dreiecker gët herno d'Seel festgemaach. Dofir get en Zahnstocher e bëssen mat der Dreckstuut ageweckelt (1-2 Tiir) an duerno get dat ganzt mat Tesa festgemaach. Och des Kéier 5cm iwwerstoën loossen fir se ob der aner Seit festzeman. Da kann d'Tuut nëmmen nach schwéier reissen. Kuckt am Beschten d'Skizz fir d'Positioun vum Zahnstocher! Dat ganzt kënnt ob déi 2 Seiten.

Lo kritt jiddfereen 2 mol 1 gudden Meter Ficelle (déi 2 Ficellen mussen gleichlaang sin!!!). Nierft all Zahnstocher gët e klengt Lach gemaach fir dann all Kéiers een Wutz vun enger Schnouer doduerch ze man an dann ronderem den Zahnstocher nees un der Ficelle festzestrécken... Siehe Skizz
Zu gudder Lescht gin dann déi 2 aner Witz um Rengelchen festgeknuet. Déi laang Ficelle get herno och un desem Rengelchen festgemaach. Am Beschten weckelt all Kand sech seng Ficelle ob e Bengel op. D'Längt vun der Ficelle as iech iwwerlooss

Sou, fir herno mam Draach ze fléien muss een just drop oppassen, dass d'Staangen ëmmer hannen sin beim Start! Den Draach muss och mat den Lächer no ënnen gedréint sin. E flitt schon bei relativ wéineg Wand, ab Beaufort 4-5 as et awer schon ze vill, da klappt en leider ëmmer zesummen.

Ech hoffen des Erklärung as iergendwéi ze verstoën, ech muss soën, dass et schwéier as desen Atelier schrëftlech ze erklären, mee fir den Rescht as en u sech net enorm komplex. Loosst iech also net ofschrecken Kuck dir d'Skizz un, mengen dei as am Einfachsten ze verstoën.
Gudden Fluch!
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Atelier
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 60 Minutten
Nombre d'enfants: 1-10
Age requis de l'enfant: 8-14
Liste du matériel: Pro Kand brauchs du: -1 Dreckstuut, Gréisst 100x65 (100 as d'Längt, dei as wichteg, d'Breed kann e bëssen variéiren) -2 hëllzen Staangen, "Buchenholz" as ideal, kee Bambus, Längt 1m, Duerchmiesser 5mm -2 Zahnstocher (spatz Enner ofschneiden beim Bastlen!!) -1 klengen Rengelchen (Porte-Clef Stil), Duerchmiesser 1cm -Tesa, wa meiglech des glaaten, keen Duck Tape (schreift een dat sou?? ) -Ficelle (5-25m), roden iech un "Bratenschnur" ze kafen, déi as bëlleg, kascht 3€
Référence / Source: Auteur: Lex Braun
Date de mise en ligne: 2007-03-20 07:31:33
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1127



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats