Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Blummendeppendéieren
Description:
Fir unzefänken iwwerleen d'Kanner sech wei een Deier se wellen maachen. Dann hellt een en Blummendeppen. Dest Blummendeppen molt een mat Guaschfaarwen faarweg. Wann et gedrechent ass, kann een mat Fixeierspray ansprayen.
Währenddeems een d'Blummendeppen drechnen leist kennen d'Kanner alt den Kapp vun hierem Deier op Zeechenblieder opmoolen, an desen dann och erausschneiden. Daat selwecht maachen se natiirlech dann och mat där Sait wou daat klengt Lach ass no uewen steet. Daat ass elo fir Deieren dei keng laang Been hun oder keen laangen Hals hun.
1. et moolt een erem sain Blummendeppen faarweg an et leist een et drechnen
2. Kanner zeechnen den Kapp op an schneiden desen dann och eraus.
3. Et hellt een 1 Steck schwaarzen an 1 Steck gielen Paifenbotzer dei allen 2 zelwecht grouss sin.
Et dreint een dei 2 zesummen (ass fir den Hals).
Dann hellt een 2 schwarz an 2 giel glaichgrouss Stecker Paifenbotzer. Et dreint een nees en gielt an en schwaarzt Steck zesummen (daat mecht een dann 2*) (sin fir d'Been, sollen och mei grouss sin ewei dei fir den Hals)
4. Et hellt een dei 2 Stecker dei een elo huet fir d'Been et leet een se niewend eneen an dann verbend een dei 2 an der Mett mateneen esou dass een herno 4 Been kritt. Elo hun mer eis Been. Elo hellt een dat Steck fir den Hals, daat dreint een 1 Tour ronderem dei Plaatz wou eis Been zesummen gemaach sin.
5. Elo hëllt een d'Blummendeppen an et stecht een den Hals duerch eist klengt laach uewen am Deppen. Dann steet den Hals uewen eraus an eis Been kommen ennen eraus.
6. Elo diebelt een eisn Hals uewen en kleng steck no ennen fir dass mer hei kennen eisen Kapp drun  upeschen
7. Mir huelen na eng keier 1 schwaarzt an een gielt Steck Paiffenbotzer (glaichgrouss), dreinen des zesummen. Dono peschen mer et ennen, bannen un eisem Blummendeppen un. Daat gett elo eisen Schwarz
8. Eis Giraff kritt na en Gesiicht gemoolt an dann ass se färdeg.
Et kann een natiirlech na vill aaner deieren maachen. 
 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Atelier
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 60 Minutten
Nombre d'enfants: 1-12
Age requis de l'enfant: 6-12
Liste du matériel: -Blummendeppen (2,5cm Duechmiesser) -Wackelaan -Faarwegen Zeechenpabeier -Guaschfaarwen -Paifenbotzer -Pinsel (en Platten) -Scheier -Blaisteft -Fixeierspray fir Guaschfaarwen
Référence / Source: Auteur: Laure Jacoby Quell: Topp Bastelbuch mini Tonis Tiere im Zoo
Date de mise en ligne: 2007-03-15 14:10:28
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1194



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats