Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: D'Spill mam Gang
Description:
Ech erklären d'Spill elo mat der Geschicht an déi mir et ob der Wantercolonie gesat haten, ët léisst sech awer och ouni Weideres mat enger anerer Geschicht spillen. Ët as awer méi einfach d'Spill mat der Geschicht ze erklären.

Béis Ritter wëllen e Katapult bauen fir d'Schlass unzegreifen. An enger geheimer Missioun sollen d'Kanner d'Färdegstellen/d'Benotzung vun desem Katapult verhënnren an dems se d'Bauaarbechter mat Fixspéin bestiechen. Allerdengs gin ët och bei de Kanner 2 Gruppen an déi streiden sech schon am Viraus drem wien dann herno soll als den do stoën den d'Katapult vernicht huet a wien doduerch de ganzen Ruhm ernten kann. Duerfir trieden sie zwar géinteneen un, verfollegen awer dat selwecht Endziel.
D'Spillfeld as folgendermoossen obgebaut: Ët gët an der Mëtt eng Aart mat Ofsperrbännchen ofgetrennten Gang an den ee vun 2 Seiten kann era kommen. Am Gang as déi Plaatz wou d'Katapult vun de Bauaarbechter gebaut gët. Dest geschitt während dem Spill fir sou d'Element "Zäit" mat an d'Spill ze bréngen.
Desweideren huet all Grupp eng Basis déi jeweils e gudd Stéck vum Gang ewech as. D'Agäng fir an de Gang sin sou ausgeriicht, dass all Grupp vu senger Basis aus een Agang huet. Ob der Skizz geseis de och nach emol shematesch den Opbau vum Terrain.

All Grupp huet d'Ziel sou vill wéi méiglech Fixspéin an de Gang bei d'Aarbechter ze bréngen. Allerdéngs stin des natiirlech ënner Obsiicht vun denen béisen Ritter. Wann d'Kanner aleng bei en Aarbechter kommen, da gin se entdeckt an agespart fir 2 Minutten. Duerfir mussen d'Kanner sech iert se an de Gang era kommen zu 3 Kanner zesummen din, eng Ketten bilden an da kënnen se era lafen. Vun dem Moment un halen d'Ritter sie fir e Päerd an d'Kanner kënnen bei d'Aarbechter kommen a jiddereen vun denen 3 ka sei Fixspoun ofgin an nees zereck a seng Basis en neien sichen lafen. Sin d'Kanner zu méi wéi 3 gin se och agespart, well d'Aarbechter kënnen nëmmen bis 3 zielen...
All Équipe bleiwt op senger Seit a leeft also ëmmer zum selwechten, zu hierem Agang eran.
Eventuell muss een déi 2 Terrainen duerfir nach mat Ofsperrbännchen oftrennen, well een jo nët ëmmer sou eng Situatioun firwënnt wéi ob der Skizz.
Alllerdéngs gin ët och Jéer vun der anerer Ekipp, déi an dem Géigner sengem Feld däerfen lafen. Ze erkennen sin déi duerch e faarwegen Foulard den se em hieren Aarm gebonnen kréien. Nëmmen mat desem Foulard däerf een och aleng de Gang duerchqueren ouni vun de Ritter gefaang ze gin. Aufgab vun de Jéer as ët am géignereschen Feld sou vill wéi méiglech Géigner ze fänken an hinnen hier Fixspéin ze klauen. Huet e Jéer een Kand gefaang, mussen sie en Duell man. Mir haten et mat Schnick Schnack Schnuck gemaacht, aner Prisen sin awer och méiglech (Foulardskampf z.B.). Gewënnt de Jéer, kritt en de Fixspoun, verléiert en, muss en eng Liewenskärtchen ofgin. Liewenskärtercher kréien nëmmen Jéer an des brauchen sie fir därfen ze fänken. All Jéer kritt 3 sou Kärtercher wann en seng Aarbecht als Jéer ufängt, sin des fort, muss en zréck a seng Basis neier huelen oder sei Foulard ofléen, fir dass e Roulement entsteet an all Kanner hier Positioun kënnen wiesslen a keen éiweg Jéer (muss) sin. Mir hun d'Spill mat 34 Kanner gemaach an haten pro Ekipp 4 Jéer, d.h. all Kéiers 4 Jéer géint 13 Ugreifer. D'Unzuel vu benéidegten Jéer muss awer je no Gréisst vum Terrain, Zoustand vum Terrain an Unzuel u Kanner gekuckt gin.
D'Liewenskärtercher sin ouni Valeur, eng Ekipp gewënnt neicht duerch Liewenskärtercher vum Géigner.
Am Gang därf keen ofgeklappt gin, dest as just de Bereich vun den Aarbechter an den 3er Gruppen. Déi Fixspéin déi e Jéer am Kampf gewonn huet, sin vir hien och ouni Valeur, well en se jo nëmmen kann ofgin wann en nach 2 Kollegen bei sech huet. Duerfir gët en déi nodeems e keng Liewen méi huet, bei senger Basis of.

De Reiz vum Spill as ët also sech bis bei de Gang virzekämpfebn an sech do zu 3 ze fannen fir dann sei Fixspoun ofzegin.

D'Spill as eriwwer wann d'Katapult färdeg as oder ee wëll Schluss man... Duerno soll eng Szen kommen wou déi 2 Gruppen zesummen nokucken wat mam Katapult geschitt an dann soll dest entweder nët funktionnéiren oder eventuell zesummen falen. Sou hun déi 2 Gruppen gewonn. Doduerch as ët mol nët onbedengt néideg, dass herno eng Ekipp gewënnt. Wëll een trotzdem sou eng Auswertung maachen, muss een drun denken, dass d'Aarbechter entweder 1 Koup pro Grupp mat de Fixpéin man, oder des sech duerch eppes ënnerscheeden.

Moniteuren brauch een 1 pro Basis, mindestens een Bauaarbechter den d'Fixspéin entgéint hëllt an um Katapult baut. Mir hun et mat 2 Moniteuren op den Basen (ee pro Basis), 2 Aarbechter an 2 Moniteuren déi flexibel woren an do gehollef hun wou Nout um Mann war gespillt an ët war kee Problem.
Ech hun d'Spill bis lo réicht eng Kéier gespillt an ech wor ganz zefridden mam Oflaf. Ët as secherlech nach ausbaufäheg an ech géif mech fréen iwwer all Iddien!!!
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Action, Abenteuer, Kooperativ
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Emplacement: Wiss, Besch
Durée: 60-90
Nombre d'enfants: 30-50
Age requis de l'enfant: 7-12
Nombre d'encadrants: 3-6
Liste du matériel: -Fixspéin oder soss eppes wat een a groussen Mengen huet fir ze transportéiren (iwwer 200 Stéck) -Ofsperrbännchen -2 faarwen Karton fir d'Liewenskärtercher -2x4 Foularden an 2 verschiddenen Faarwen -eventuell Schminkfaarw fir d'Gruppen besser ze markéiren -eventuell Material fir e Katapult (Bauerficell, Holz aus dem Bësch, ...)
Référence / Source: Wantercolonie 2004/05, obgebaut vum Isabelle Rodesch a vu Lex Braun
Date de mise en ligne: 2007-03-07 10:22:53
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1317



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats