Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Grommel
Description:
D'Spiller setzen alleguer am Krees, am bäschten em en Desch. 1 Matspiller muss seng Hänn op den Desch oder virunn sech leen, déi aaner machen hier Hänn hannert de Reck. Elo ginn sech alleguerten'Matspiller, äusser deen, deen d'Hänn um Desch leien huet, hannert dem Reck e klenge Steen oder soss eppes klenges weider, an zwar esou, dass deen een et räusfennt wou et graad ass. (Jiddereen mecht also d'Beweegung wéi wann en eppes giff weiderginn). An dobaï muss jiddereen déi ganzen Zäit iwwer grommelen.
Iergendwann elo seet deen een z.b. Krokodil, Giraffe oder Elefant a mecht déi passend Handbeweegung mat béiden Hänn!:
  • Krokodil:
    • Fir d'Krokodil muss een d'Hänn flach op den Desch leen a susst den Daum kennt ennert d'Hand
  • Giraffe:
    • Fir'Giraffe muss een Daum, Zeige- a Mettelfanger pyramideförmeg op den Desch stellen, déi zwee aaner Fanger ginn erageklappt.
  • Elefant:
    • Den Elefant ass einfach eng Fäuscht wou den Daum eräuskuckt an no uewe weisst.
All déi aaner mussen elo direkt déi selwecht Formen mat hieren Hänn nomachen an ophaalen mat grommelen. Deejeenegen deen de Steen graad am Grapp huet muss deen och am Grapp haalen an déi selwecht formen machen. Den Detektiv huet 5 Chancen (d.h. hie kann 5 mol d'Déier wiesselen) fir erauszefannen wien de Steen graad huet. Wann eisen Detektiv elo räusfennt wien de Steen graad am Grapp huet, da get dien zum Detektiv, bäi deem de Steen fonnt gouf. Ansonsten geet et weider mat grommelen an den Detektiv huet rem d'Chancen nom Steen ze sichen.
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Grupp, Gruppendynamesch, Witzeg, Veillee
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 30 Minutten
Nombre d'enfants: 7-31
Age requis de l'enfant: 9-99
Nombre d'encadrants: 1-99
Liste du matériel: e klenge Steen, e Béierstopp oder soss eppes klenges.
Référence / Source: Auteur: David Raison
Date de mise en ligne: 2007-03-13 14:43:27
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1095



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats