Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Ierpel 1 Rallye 2003
Description:
Fir d'éischt emol as ët vleit wichteg ze soën, dass dest en Nuetsrallye war, wat dem ganzen nach eng Kéier en bessen méi en groussen Reiz gët. Och as den Rallye mat Kanner vun 9-12 Joër gelaf, mee ech sin awer iwwerzeecht, dass och bëssen méi aal kanner sech nach gudd ameséiert hätten. Duerch déi grouss Unzuel vun Kanner, gin ët 12 (!) Statiounen. Doduerch ergin sech dann och 12 Gruppen à 8-9 Leit (bei 100 Kanner). D'Gruppen sin natiirlech extrem wichteg, an dowéinst muss een déi bal am Virfeld festléen.
Am Unfank hëllt jiddfer Moniteur en Grupp mat ob seng Statioun (Statioun 1 -> Grupp 1, asw.). Zu engem festgeluechtenen Zäitpunkt schéckt dann all Moniteur sein Grupp weider. Fir vun Statioun ob Statioun ze goën as den Wee all Kéiers ähnlech laang, 5 Minuten hun mir dofir gerechent. Dann mecht all Grupp natiirlech sein nächst Spill. Pro Spill hun mir 10 Minutten agerechent, sou dass am Endeffekt all 15 Minutten en Grupp weider geschekt gët! Doraus ergët sech dann och déi gesamt Spilldauer vun 12x15-5 Minutten, dat heescht knapp 3 Stonnen. Zum Schluss geet dann all Moniteur mat dem leschten Grupp nees zréck ob d'Campplaatz.
Déi eenzel Statiounen der Rei no (kann sin, dass ech mech bei der enger oder anerer Zuel giert hun, entschëllegen mech am Viraus dofir )
1. Ee an der Pan broden
2. Blannen Mathematiker
3. Alanus 3
4. Spannennetz
5. Hau' die Maus
6. Leffel duerch den Kierper weidergin
7. Fort Boyard
8. Tarzan
9. Kimm-Spill
10. Waassertransport
11. Rang mat Fixfeier transportéieren
12. Lidd komponéiren
Detailer iwwert déi eenzel Statioun kritt dir andeems dir iech ganz einfach d' Vierlaag ob deser Seit eroflued. Domat kritt dir nët nëmmen all Detailer, mee och direkt färdeg Bewertungsziedelen fir déi eenzel Statiounen.
Wou d'Statiounen waren gesidd dir ob der Kaart déi hei ob deser Seit as.
Fir d'Bewertung as ët am Einfachsten no den Platzéirungen vun denen eenzelnen Statiounen ze fueren. Fir eng 1. Plaatz 1 Pkt, 2. Plaatz 2 Pkt, asw. Dono gewënnt den Grupp mat denen mannsten Punkten. Den Kanner erzielt een herno ganz aner Punkten zuelen, fir dass et mei spektakulär ausgeseit.
Wann een den Rallye fir zimlech kleng Kanner (<12 Jöer), as ët definitiv nët vun Mutwëll wann den Wee mat Kärzen gezeechent as! Sou hun d'Kanner vill manner Angscht an der Nuecht. Och e Feier ob enger Rei Statiounen as gudd vir d'Gefill vun Secherheet an d'Ambiance. Doriwwer raus kënnen d'Kanner sech dobei obwiermen, wat bei engem Rallye vun 3 Stonnen ganz secher nët falsch as. Mee: Nët vergiessen fir d'Feier en Waassercontainer firzegesin!!!!!!!!
Ofgesin vun denen mindestens 12 Moniteuren déi ob den Statiounen sin, as ët nët schlecht en weideren ze hun, den frei ronderem geet fir ze kucken ob alles richteg leeft.
Och sollen genuch Apdikten op den Statiounen verdeelt sin!!! (Op der Kaart sin se mat engem "A" gezeechent)
Wichteg as ët desweideren, dass all dat schwéiert Material schons ob den Statiounen as virun dem den Rallye unfänkt an déi Statiounen mat méi Opwand mussen schon obgeriicht sin. D'Käerzen an den Dëppercher sollen och schon zougedeckt do stoën, sou dass d'Moniteuren se just nach mussen unfänken wann sie mat den Kanner ob hier Statioun gin. All Statioun soll gezeechent sin.
Den Haaptopwand vum Rallye as doduerch d'Logistik an d'Plangung, well sie gréisstendeels just 1 Dag virdrun kënnen gemaach gin.
Desen Rallye gouf vum Michelle Back, dem Surya Hippert an mir organiséiert.
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Abenteuer, Besch, Nuecht
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 175 Minutten
Nombre d'enfants: 70-100
Age requis de l'enfant: 9-15
Nombre d'encadrants: 13-99
Liste du matériel: allgemeng: -masseg Téilichter mat Glieser fir den Wee -Ziedelen fir d'Statiounen ze markéiren -1 Bic fir all Statioun -Täscheluuchten!!! -Waassercontaineren fir d'Feier -??? Statiounen: 1. Ée an der Pan broden: -Fixfeier -Zeitung -onbendengt Waasser -1 Pan -min 12 Äer -Salz 2. Blannen Mathematiker -1 Seel vun 5m Längt -10 Aebinden 3. Alanus 3 -1 Ball -2 Seeler (3-4m) -1 Eemer/Këscht wou den Ball och locker dra passt 4. Spannennetz -en masse Baureficelle 5. Hau' die Maus -Tennisball -1 Rouer wou den Tennisball duerchpasst!! -1 decken Bengel fir ob d'Maus ze haen... 6. Leffel duerch den Kierper gin -1 Leffel -1m Woll oder Ficelle, mee ob kee Fall Baureficelle (ze rëffeg!!!) 7. Fort Boyard -Mënzen, klengt Gerebbels -1 Schësslchen -1 Eemer oder Biitchen -Waaser fir an den Eemer 8. Tarzan -1 Aafebréckseel -Brelageseeler -Baureficelle -verschidden Géigestänn déi nët wéi din -Këscht 9. Kimm-Spill -Aebinden -verschidden Géigenstänn fir ze ertaaschten 10. Waassertransport -en puer aal Fatzen -1 Eemer -1 Lineal 11. Rang-Transport -fir all Kand 1 Fixspoun -1 Rang 12. Lidd komponéiren -Blieder -Bicer
Référence / Source: Auteur: Lex Braun
Date de mise en ligne: 2007-03-13 14:13:43
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1238



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats