Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Decken-Duell
Description:
Decken-Duell ass e Spill waat een als Kenneléier-Spill mecht, a waat och e besse manner "euh, kenneléierspiller *flemm*" ass... Allerdengs muss een d'Nimm awer schon e bessi kännen, soss klappt et net.
Et deelt een de Grupp an 2. Daat eent sinn z.B. d'Awunner vun Ghost-Towm, an déi aaner d'Awunner vun Rodeo-City. Déi zwou Stied waren alle béid dovunner bedroht fir äuszestierwen, an dofir hunn se beschloss eng Siedlung ze verloossen an dofir zesummen an där aanerer ze liewen. Mee wéieng Siedlung sollt daat dann elo sinn? Ghost-Town oder Rodeo-City? Well d'Cowboys a Cowgirls sech jo awer net wéi gewéinlech erscheisse wollten, hunn se sech eng aaner Mehod iwwerluet fir en Duell:
An der Mett vunn deenen 2 Gruppen get en Duch gespannt, an d'Kanner setzen sech all op hierer Säit esou hennendrunn, dass een se vunn där aanerer Säit net gesäit.
Elo kennt enn vunn all Grupp no vir a setzt sech direkt virun d'Decken. D'Moniteuren ziele bis 3 a loosse d'Decke ffalen. Deen Eischen, deen deem aaneren saïn Numm gesoot huet, huet den Duell gewonnen an deen, dee verluer huet, muss an déi aaner Siedlung iweersiedelen.
Daat geet esoulaang, bis dass an där enger Siedlung kee méi liewt. 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: kenneleieren
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Durée: 20 Minutten
Nombre d'enfants: 6-16
Age requis de l'enfant: 6-99
Nombre d'encadrants: 2
Liste du matériel: Duch Poncho Baatsch oder ähnleches
Référence / Source: Auteur: Davis raison
Date de mise en ligne: 2007-03-13 14:10:08
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1217



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats