Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Kinnekreicher Geländespill
Description:
  • Dest as e Spill wat een virun allem och mat gréisseren Gruppen spillen kann.

    6 Kinnekreicher sin seit längerer Zäit um Streiden wéi ee Kinnekreich dann elo dat schéinst as. Fir dem Streit en Enn ze maachen, hu sech dei 2 Ältesten aus dem Ierpelbësch eng afalen gelooss.
    An zwar soll all Kinnekreich probéiren an enger festgeluechter Zäit eng méiglechst grouss a komplex Stadt opzebauen an da get herno gekuckt wéi ee Kinnekreich dat bescht as.

    Fir des Stadt kënnen ze bauen, brauchen sie logescherweis eng ganz Partie Rohstoffer.
    Ët gin am Ganzen 6 verschidden Rohstoffer, woubei all Kinnekreich een dovun besëtzt, di aner also erklauen muss fir seng Stadt kënnen auszebauen.

    All Kinnekreich gët vun engem Kinnek an eventuell och nach engem Vizekinnek ugefouert (2 Moniteuren)

    D'Kanner sin dann och ob di 6 Kinnekreicher verdeelt, sou dass et bei 80 Kanner Kinnekreicher mat all Kéiers 13-14 Kanner gët.

    Den besonneschen Punkt vum Spill as den, dass ët an desen Kinnekreicher selwer och nach eng Kéier je 5 Ënnergruppen gët: d'Staffelen. Eng Staffel besteet an desem Fall aus all Kéiers 2-3 Kanner.
    Am Virfeld vum Spill konnten d'Kanner sech sou zu 2 oder 3 zesummen din an dono hu mir aus denen sou geschafenen Staffelen probéiert dem Alter no homogen Kinnekreicher ze maachen.
    Fir Kinnekreicher a Staffelen ze ënnerscheeden, kann een ët ganz liicht esou maachen, dass een pro Kinnekreich eng aner Schminkfaarw hëllt an dann di eenzel Staffelen vun all Kinnekreich zousätzlech duerch een anert Zeechen ënnerscheed. Sou erkennt een, dass ët sech em dat selwecht Kinnekreich, mee em verschidden Staffelen hält.


    D'Roll vun den Moniteuren dei Kinnek a Vizekinnek sin, as et lo seng 5 Staffelen ze verwalten, fir enger seits ze verhënneren, dass di aner Kinnekreicher grouss Stied bauen an zeitgleich och dofir ze suergen, dass een selwer eng méiglechst grouss Stadt baut.
    Dofir kann hien décidéiren, wéivill Staffelen ugreifen an Rohstoffer bei dei aner klauen gin, a wéivill der di eegen Rohstoffer verteidegen.
    Zum Ugreifen: Eng Staffel di ugreift kritt pro Kand een Foulard. Desen Foulard muss all Kand an enger Hand halen, fir dass een kloer erkennt, wien ugreift a wien nët. Mat desem Foulard muss ee probéiren bei en aner Kinnek ze lafen. Kënnt een duerch, gët een do sein Foulard of a kritt e Rohstoff an d'Plaatz den een dann sengem Kinnek droën geet.
    Gët een awer lo ënnerwee vun engem géignereschen Verteideger ofgeklappt, da muss ee sein Foulard esou ofgin, an et kritt ee logescherweis kee Rohstoff méi. De Verteideger muss den Foulard duerno sengem Kinnek ofgin. Wichteg as, dass d'Verteideger relativ no bei hierem Reich bleiwen, soss as et nemmei iwwersiichtlech genuch. Trotzdem muss all Kinnekreich eng gewëssen Zone rondrem sech hun wou een nët därf ofgeklappt gin, am Beschten een klengen Krees rondrem d'Basis.

    D'Ugreiferstaffelen sollen sech dann no hierer Missioun nees treffen, d.h. nodeems se hieren Foulard verluer oder emgetosch hun an dann zesummen nees zreck bei hieren Kinnen goen. De Sënn vun der Obdeelung a Staffelen leit dann och doran, dass d'Kanner ganz einfach méi taktesch Méiglechkeeten hun (eventuell een als Kamikaze lass scheken, sou dass di aner 2 kënnen ukommen) an zudem och manner demotivéiert gin wa sie zwar selwer verluer hun, mee hier 2 Kollegen awer vleit duerch koumen.

    Kommen mer lo dozou, wéi d'Stadt gebaut ka gin. All Moniteur kritt eng Lëscht mat de Preisser fir dei verschidden Gebeier ze bauen. Wëll een lo z.b. eng Statue a seng Stadt bauen, da brauch een dofir eng gewëssen Unzuel u Rohstoffer (z.B. 3 Steng, 3 Holz, 2 Seel, 1 Feier, 1 Pabeier an 2 Duch). Mir haten 7 verschidden Gebeier gemaach, dat bëllegst dovun huet 14 Rohstoffer kascht an dann dat nächst jeweils 2 méi. Oppassen muss een just, dass een herno insgesamt vun all Rohstoff grad sou vill brauch wann een vun all Gebei eppes giff bauen. (Soss gi verschidden Rohstoffer nët sou vill benotzt an d'Spill verléiert seng Dynamik)
    Natiirlech kann all Kinnekreich sou vill Gebeier vun all Zort bauen wei et wëll.
    Un de Kanner as ët, di jeweileg Rohstoffer ze beschafen. Ufanks wëssen se natiirlech nach nët wou a bei wem een wat kritt, mee am Verlaf vum Spill wëssen sie wat wou ze fannen as.
    Huet e Kinnek lo Rohstoffer genuch fir eng bestëmmte Saach ze bauen, dann schekt en eng Staffel mat de Rohstoffer ob d'zentral Plaatz. Do gin d'Kanner d'Rohstoffer of an däerfen dofir dat kaftent Gebei ob de Paneau vun hierem Kinnekreich molen.

    Wat d'Obdeelung vun de Staffelen ugeet, sou war ët bei eis sou, dass allerhéchstens 2 Staffelen an der Verteidegung duerften sin, fir dass ët gudd gelaf as. Am Beschten war 1 Staffel. Mee dat muss de Kinnek géréiren, je nodem wei staark en ugegraff gët zu engem bestëmmten Zeitpunkt. Sin vill Kanner ënnerwee bei hien, da muss en natiirlech méi Kanner vu sech an der Verteidegung halen. Duerch d'Obdeelung vun den Staffelen huet een natiirlech en enorm staarkt Mëttel fir d'Spill ze steieren: Wëll een, dass der vill duerchkommen a séier gebaut gët, schrauwt een d'Verteidegung erof.
    Doduerch, dass Staffelen sech kënnen zesummen din fir een Kinnekreich unzegreifen, kann ët natiirlech och zu Massenugrëff kommen. - Alles as méiglech, d'Moniteuren steiren d'Spill.
    Zu gudder Lescht bleift vleit och an dem Kontext ze soën, dass dest e Spill as, wat zu engem groussen Deel vun de Moniteuren lieft: Wat sie méi dra sin, gët d'Spill méi dynamesch a méi flott fir d'Kanner. Dofir as et och wichteg, dass wa méiglech all Kinnek verkleed as a sou nach méi a senger Kinnekenroll kann obgoën fir d'Kanner zousätzlech ze motivéiren.



    Kommen mer ofschléissend zur Bewertung: Hei kann een 3 Aspekter kucken:
  • D'Rohstoffer déi erbeutet goufen andeems een einfach zesummenzielt, wat di eenzel Gebeilechkeeten dei um Paneau sin kascht hun
  • Ob dat wat gemolt gouf mat e bëssen Effort gemol gouf
  • Ob och verschidden Saachen gebaut goufen



    Ët kann een d'Spill natiirlech och nach mat méi oder manner Rohstoffer a Kinnekreicher maachen.
    Geif mech intresséiren ob een dat probéiert oder allgemeng d'Spill geif probeiren, schreift einfach är Erfahrungen mam Spill, vue que, dass ët een neit Spill as wat mir just eng Kéier gespillt hun. Do as et awer objiddferfall mol bei Moniteuren wei Kanner gudd ukomm gewiecht.
  • Type d'animation: Jeux
    Caracteristique: Action, Abenteuer, Kooperativ, Konkurrenz
    Auteur: MENGHI Natascha
    Communauté: Spillkescht
    Emplacement: Besch
    Durée: 90-120 Minuten
    Nombre d'enfants: 80-100
    Age requis de l'enfant: 8-100
    Nombre d'encadrants: 12-14
    Liste du matériel: 200-300 méiglechst gleichgrouss Foularden (Stécker Ofsperrbännchen sin ideal) 6 Rohstoffer déi a méiglechst groussen Quantitéiten do sin (min. 200 Stéck) an nët kënnen vervielfältegt gin (z.B. Stécker Baureficelle, Fotosdëppercher, kleng Ziedelen, Korkestëpp, Fixspéin, Toiletterouleauen, Becheren, ...) Lëschten mat de Preisser fir all Kinnekreich an d'Zentral Fir all Kinnekreich een Paneau Benzinstëfter 6 verschidden Schminkfaarwen fir di eenzel Kinnekreicher ze markéiren Ofsperrbännchen fir eventuell Geforen ze markéiren an als Reserve fir wa net mei genuch Bännercher an engem Kinnekreich wieren
    Référence / Source: ierpel 1 2005, Gelàndespill vum Ben Kasel a vu Lex Braun
    Date de mise en ligne: 2007-03-07 10:15:51
    Date d'expiration: Never
       
    Nombre de lecture: 1243



    [ Retour ]


    Album(s) associé(s)
    Titre Communauté Thème
    Pas de résultats