| Détails de l'animation | |
|---|---|
| Titre: | B¨eschzeckenspill |
| Description: | All Kand kritt 3 Wäschklaammeren. Et kann een der och méi ginn. Jiddereen spillt géingt jiddereen. Déi klemmt een sech dann un seng kleder, sou datt een awer nach kann dru kommen. All Klammer ass eng Bëschzéck. Déi wëllt een jo gäre lass ginn, dofir probéiert een déi engem aneren unzepëtzen (nëmmen un d'Gezai). Vu datt dat jiddereen probéieret, brécht ee mega Chaos aus. D'Spill geet op Zaït gespillt. Da gëtt gezielt, wien der am mannsten huet. Dee gewënnt. Also onbedéngt Terrain angrenzen an net onbedéngt virum Schlofegoen spillen. D'Spill kann een och emgedéint spillen: fir d'éischt muss een sou vill klammeren sammlen wéi méiglech. Déi klaut een bei deenen aneren. Eng geklaute Klammer gëtt och un d'Gezai gehaangen. Natierlech kann déi rem geklaut ginn. Et däerf een ëmmer nëmmen eng Klaammer klauen an déi upetzen, dann réischt déi nächst. No enger gewëssen Zäit ass'Spill riwwer a gewonnen huet deen matt de meeschten Klammeren. Mä ... lo geet et weider, an zwar muss een lo d'Klaameren lass gin. Do ass dee gewonnen, ween der nach am mannsten huet. D'Spill huet dee Virdeel, datt een ëmmer weiderspillen kann, well och wann ech meng Klaammeren all lass gi sinn, kann ech rem neier ugespëngeld ginn oder wann ech der ganz vill geklaut hunn, kann ech der rem vill geklaut kréien, oder wann ech se all geklaut krutt, ginn ech rem neier klauen. Bei engem "liewge" Grupp oppassen, datt keen sech wéi deet. |
| Type d'animation: | Jeux |
| Caracteristique: | Naturerfahrung, Kréativitéit, New Games, Konkurrenz, Witzeg |
| Auteur: | MENGHI Natascha |
| Communauté: | Spillkescht |
| Durée: | 30-60 Minutten |
| Nombre d'enfants: | 5-30 |
| Age requis de l'enfant: | 6-99 |
| Nombre d'encadrants: | 1-3 |
| Liste du matériel: | Pro participant 3 Klaammeren Denk drun, datt déi och evt. kënne futti goen, also och bessen Ersatz virgesinn! |
| Référence / Source: | Auteur: Sam Muller |
| Date de mise en ligne: | 2007-03-13 12:21:30 |
| Date d'expiration: | Never |
| Nombre de lecture: | 1208 |
Album(s) associé(s)
| Titre | Communauté | Thème |
|---|---|---|
| Pas de résultats | ||



