Details d'une animation Version Imprimable
Détails de l'animation
Titre: Eng Jick geet op d'Ress
Description:
All Participant kritt ee Posterrouleau. Eng jick soll lo vun Punkt A op Punkt B kommen. Keen däerf se beréieren an sie däerf op kee Fall op de Buedem kommen. Also muss een matt de Posterrouleauen ee Rouer Bauen. deen ass selbstverständlech ze kuerz, sou dat de Rouer sech muss verlängeren.
Wéi dat gett ass den Participanten hier Aufgab. Wichteg ass hei, dat sie Kooperéieren, d.h. sie stellen sech an eng Rei a maachen matt hieren Rouleauen ee Rouer an soubal d'Jick duerch engem histellen, sou dat de Rouer sech sou lues a lues verlängert.
Dat geet eben sou weider bis d'Jick do ukënnt wou se soll!
Dëst spill ass wichteg a verlaangt vill Kooperatioun a Vitesse.
Dee Wee soll schon relativ wäit sinn (Wéi wäit ass vun der Gréisst vum Grupp an dem Posterrouleau ofhängeg), d'Spill gett zimlech schnell. Ee lange Posterrouleau erliichtert d'Spill. D'Jick kann och gebremst ginn, wann een de Rouleau hiewt. Wann d'Jick fällt, soll een vun fir ufänken, mä dat kann deemno wéi séier démotiviéieren, dofir besser sech eppes anescht afalen loossen, z.B. ee Lidd sangen wann d'Jick fällt oder...
Nu jee, vill spaass matt dësem, wann och kuerzem ,awer trotzdem superflott Spill!!! (kann ee jo matt z.B. Crashtest-Gacki verbannen als Aufgabestellung fir Owesaktivitéit am Grupp oder Atelier.) 
Type d'animation: Jeux
Caracteristique: Kreativitéit, New Games, Kooperativ, Grupp Gruppendynamesch, Witzeg
Auteur: MENGHI Natascha
Communauté: Spillkescht
Emplacement: Bësch
Durée: 0-30 Minuten
Nombre d'enfants: 6-20
Age requis de l'enfant: 6-99
Nombre d'encadrants: 1-4
Liste du matériel: Pro Participant ee Posterrouleau eng déck Jick
Référence / Source: Auteur: Sam muller Quell: Kooperativ Abenteuerspiele Band 2
Date de mise en ligne: 2007-03-07 15:53:28
Date d'expiration: Never
   
Nombre de lecture: 1197



[ Retour ]


Album(s) associé(s)
Titre Communauté Thème
Pas de résultats